Hëllefen op Tanzania

Eis Schoul ennerstëtzt dëse Projet vun eiser Kollegin Jill Kohl.

Flyer

Photo Scheck

D'Rover vun der FNEL hunn dëst Joer e ganz besonneschen Projet an d’Liewen geruff.

 

Si ënnerstëtzen IOP (Ilula Orphan Program), eng weltwäit unerkannten Organisatioun an Tansania, déi sech em Weesekanner këmmert.

 

Duerch hiren Foster Program an hiren Sponsor Program ënnerstëtzen si iwwert 800 Weesekanner an bidden hinnen doduerch eng Schoulausbildung.

 

IOP gëtt ënnert anerem och vu Lëtzebuerg aus gesponsert. IOP-LUX ass eng vum Ministère des Affaires étrangères unerkannten ONGD, déi IOP finanziell an materiell ënnerstëtzt. De gréissten Deel vun de Schoul- a Life-Sponsoren vun den IOP-Kanner kommen aus Lëtzebuerg.

 

Den Haaptdeel vum Projet, niewt der Aarbecht als Volontär, besteet dran fir Tafelen an de Schoulen am Ëmkrees vun 20 km ronderëm Ilula unzesträichen. Dës sinn plazeweis a sou schlëmmem Zoustand, dass d’Kanner zum Deel näischt méi gelies kréien.

 

Am Uschloss wäerten d’Rover zesummen matt de lokalen Scouten vun IOP un engem Scoutscamp deelhuelen.

 

D’Suen déi gesammelt ginn wäerten d’Material fir dëse Projet (Tafellack a Pinselen) finanzéieren an och an Schoulmaterial fir d’Kanner investéiert ginn.

Merci fir Är Ennerstëtzung!

Les Rovers de la FNEL (Fédération Nationale des Éclaireurs et Éclaireuses du Luxembourg) ont lancé un projet ambitieux pour l’année 2015.

 

Ils vont soutenir l’organisation IOP (Ilula Orphan Program) en Tanzanie, mondialement reconnue pour son engagement pour les orphelins. Les « Foster Programs » et « Sponsor Programs » permettent de soutenir plus de 800 orphelins et de leur offrir une scolarité .

 

IOP est par ailleurs soutenue en grande partie par le Luxembourg, par le biais de l’ONGD IOP- LUX, organisme reconnu par le Ministère des Affaires étrangères. La plupart des enfants IOP sont notamment sponsorisés par le Luxembourg.

 

L’objectif principal de ce projet consiste dans le rénovation des tableaux noirs des écoles dans un rayon de 20 km autour du centre IOP, qui sont parfois dans un état misérable. En plus du travail en tant que volontaire, les rovers vont également faire connaissance d’un groupe de scouts locaux à l’occasion d’un camp.

 

L’argent recolté par cette quête sera investi dans l’achat du matériel nécessaire pour ce projet ainsi que dans du matériel scolaire pour les enfants.

Merci pour votre soutien!