Besuch am Zirkus Zaltimbanq

D'Kanner aus dem Cycle 1 vun Heeschdref woren op de Kierchbierch an den Zirkus

Hei hir Kommentaren am O-Toun! an e puer schéi Biller!

Do waren zwee Monsieur’en mat engem Eemer,do waren Tennisbäll dran.Sie wollte mat de Bäll an de Këscht schéissen.Sie hunn den Eemer ausgeschott an d’ Bäll sinn op de Kapp gefall.Mee sie hunn och gezaubert.Nee dat heescht jongléiert.Sie hunn den Eemer sou ganz schnell gedréiht an dunn hunn die Bäll gepescht!

Do war och eng Ballerina,sie ass op den Zéiwespëtze gaang an huet op enger Schaukel Tricker gemaach.Sie huet sech sou komësch gehänkt.

Et war awer nach ee Meedchen do,dat hat sech un een Reef opgehänkt.

Et hunn der mat faarwege Bäll gedréihnt,sie waren rout blo a gréng.

Een hat eppes Wäisses(Jongléierkeel)op de Nues an ass gaang an hat eng Këscht ugehal.

Zwee Jongen haten Tricker gemaach mat Seeler wou sou eppes dropp war an dann hu sie dat hin an hier geschoss(Diabolo)

Ee Jong hat Tricker gemaach op de Seel.Hie war do geklomm an hat geturnt dropp a sech gehänkt mat de Féiss an hien hat sech sou ee Knuet gemaach datt hien hänke kann.

Do waren zwee gréng Clownen,ee Jong an ee Meedchen.Sie haten eng Blumm,sie haten déi futti gemaach.De Clown ass ëmmer Waasser siche gelaf an huet geruff“Waasser,Waasser“.Sie huet ëmmer mat dem Waasser geschéisst an huet och Waasser gedronk.Déi Clownen ware witzeg.

Et war ganz schéin am Zirkus!!